Wee mir sinn

Iwwer eis


PositiveImpaKT ass eng privat Berodungsfirma mat der Missioun ze sensibiliséieren, d’Innovatioun virun ze dreiwen an een Netz opzebauen, dat Organisatiounen, Betriber an individuell Persounen inspiréiert an ënnerstëtzt um Wee zu enger zirkulärer Ekonomie. Eis Visioun ass eng Welt, an där d’Bedierfnisser vun de Generatiounen vun haut a vu muer erfëllt ginn duerch eng zirkulär Ekonomie (ZE), déi op de Prinzipien vun C2C (Cradle to Cradle) baséiert an déi d’Wuelbefannen vum Mënsch an de Respekt vun den regenerativen Kapassitéiten vun eisem Planéit an de Virdergrond stellt.

Mat eise Schlëssel-Kompetenzen an de Beräicher vun den Natur- an den Ingenieurswëssenschaften konzentréieren mir eis op d’Verstoen an op d’Gestioun vun de Material- an Informatiounsflëss a komplexe Systemer.

Mir sinn iwwerzeegt, dass d’Ëmsetzen vun innovativen Iddien eng enk Kollaboratioun tëscht verschiddenen Organisatiounen an Wirtschaftsbranchen viraus setzt, fir positiv Impakter op der ganzer Wäertschöpfungsketten ze schafen.

Wat mir maachen

Eis Offer



Zirkulär Entdeckung

  • ½ Dag Formatioun fir Iech d’Potenzial an d’Méiglechkeeten vun der ZE méi no ze bréngen
  • Eng spilleresch an Team-orientéiert Approche a Kollaboratioun mat Circulab-Whiitaa

Zirkulär Bewäertung

  • Iwwersiicht vun Ärer aktueller Situatioun am Kader vun den ZE Prinzipien
  • Aktiounsplang mat Proposen vir d’Zirkularitéit vun Ären Aktivitéiten a vun ärem Betrib ze erhéijen

Zirkulär Exzellenz

  • Verdéiften Analyse vum ZE Potenzial vun Ärem Betrib oder Ärem Produkt an Entwécklung vun enger ZE Strategie.
  • Ënnerstëtzung während der Ëmsetzung vun der ZE Strategie fir eng verbessert Resilienz an erhéichten Kompetitivitéit vun Ärer Organisatioun a hirem Ëmfeld


Kontaktéiert eis

Fir Weiderbildung an Berodung oder bedeelegt Iech un un eisem BLOG!


info@positiveimpakt.eu

Eis Referenzen

Mir schaffen mat Betriber aus ënnerschiddlechen Beräicher, Gemengen, Gemengesyndikater a Ministèren zesummen.


no more posts

Zréck